Wednesday, 29 June 2011

Old School Profitéroles

Ech woor leschten Samsden op enger WG Party. naja eigentlech méi eng Hausparty, vum Apartement wu de Marco wunnt. Hiert Gebai huet honnert Joer gefeiert, an do hun dann all Bewunner vum Haus en Drinks buffet oder Häppercher gemaach. An vu dass ech mool rem Bock haat eppes ze baacken hun ech mer gesoot daat waer di perfekt Geleenheet (ouni dass ech oder de Marco herno alles issen mussen). ;o)
Hun also bessi duerch Kachbicher gestöbert an sin dun op Profitéroles (Windbeutel) komm!
Lange Rede kurzer Sinn, hai di klassesch Recette dich ech mer engkéier aus der Recettensammlung vun der Mammes stibizt haat.

Profitérolen:

1/4 l (50 zu 50 duerch Mellech an Waasser gedeelt)
110 g Botter
5 g Salz & 5 g Zocker
140 g Miel
5 Eer
20 g feinen Kristallzocker

Den Branntdeeg kann een en Daach vierdrun maan mee idealerweis den Daach selwer, dass en gudd fresch an na e bessen mell as. (wann méiglech net an de Frigo stellen!) Den Uewen op 220° viirheizen.

D'Eer sollen de nämlechten Volume sin wi de Mix mat Mellech an Waasser (also 1/4 l). Vertéischt den Wasser-Mellech mix an eng Casserol gin, dann Zocker, Salz an Botter dobai gin. Viirsichteg waarm gi loossen: soubaal et ufänkt mat kachen, eroof vun der Plaque an d'Miel dobai gin. Alles gudd vermeschen an dann na eng Minut zreck op d'Plaque, weiderréieren bis dass den Deeg ufänkt dreschen ze gin.

Dono den Deeg an en waarmen 'Hengerpuupes' gin (Schossel), an 2 Eer dobai gin, bessi mam Biesen verréiren (puer Sekonnen) an dann direkt di nächst 2 Eer dobai schedden. Schlussendlech daat leschten Ee drameschen. Soubaal den Deeg regelméisseg as kennt der ophaalen mat réieren.

Lo den Deeg an en 'Spitzbeutel' oder 'poche à douille' gin (haat mer extra eng kaaf, mee wees net wi et op Letzebuergesch heescht. An dann den Deeg um Baackpabéier dresséieren. Einfach Ronn an bessi mi héisch 4cm Bullen domat maan (fier dass der se herno kennt duerchneiden).
Bessi Zocker driwwer streen an dann nemi laang trentelen, an ran an den Uwen. Vertéischt bei 220° während 15 min an dann naengkéier ongeféier 15 min bei 200° (den Uewen mat engem Leffel opstaipen währendeem).
einfach bessi oppassen, dass d'Profiterolen net ze dreschen gin!

Ech haat se dono einfach mat Schlaagsaan gefellt well ech keng Zeit mi haat na eng extra Fellung ze maan. An si sin zimlech gudd ukomm. Anscheinend hun se am ganzen Haus vun deenen Windbeutelen geschwaat!

Also dann, kuss
Marie

No comments:

Post a Comment