Tuesday, 19 January 2016

'Eisekuchen' Gaufre de Bruxelles

Hey,

hun mer geduet get erem Zeit fier eng oder 2 'nai' Recetten.
Haat leschte Weekend Gaufren gemaach, mhhhh

Bon eigentlech as di Recette net nai, (mengen vun der Mama/Boma). Mee si as mega gudd :-)

Natierlech braucht een dofier en Eisen, mee soss as et eignetlech relativ einfach:

500g Miel
1/2 l warem Mellech (an där een d'Hierf opléist)
180g Botter (liischt geschmolz fier méi liischt ze vermeschen)
3 Eer (Waisst vum Ee zu schnéi schloen, haat et vergiess geet och ouni Schnéi ;-)
2 Leffel Ueleg
1 Leffel Hierf
e besse Salz

Miel mat der Mellech (an där d'Hierf opgeléist as) gudd vermeschen. Dono d'Botter (di besse geschmolt as), an de ganze Rescht dobai réieren.
Daat ganzt eng 1/4 Stonn flesseg schloen. Dono den Deeg opgoen loossen (ongeféier eng Stonn).
Soubaal den Deeg opgeet kann een ufenken mat baacken.
(Wann den Deeg net flesseg genuch as, kann een Mellech dobai schedden)

Also dann nach een Familienrezept veréiwegt op eisem Blog.

Decke Kuss!!
Marie


No comments:

Post a Comment